Lëtzebuerger Loftkadetten – Cadets de l’air luxembourgeois
- Lieu :
- Centre militaire - Herrenberg, 9330 Diekirch, Luxembourg
- Dates :
-
Du 08.07.2025
jusqu'au 16.08.2026
Du bass un der Loftfaart interesséiert a wëlls deng éischt Erfarungen an dem Beräich sammelen ?
Du fäerts keng Verantwortung a wëlls en Abléck an de militäresche Milieu kréien?
Mell dech hei u fir eng ganz besonnesch Aventure bei der Arméi!
An Zesummenaarbecht mat de Belgian Air Cadets, déi vun der Composante Air et Espace vun der Défense Belge ënnerstëtzt gëtt, bitt d’Lëtzebuerger Arméi dir d’Méiglechkeet fir deng éischt Erfarungen am Seegelfléien ze maachen.
Wann s du kierperlech fit bass, tëschent 14 a 16 Joer hues, Lëtzebuergesch a Franséisch schwätz a keng Angscht virun Erausfuerderungen hues, da #KommBeiEis!
Praktesch Info’en fir Lëtzebuerger Loftkadetten
• Selektioun am September 2025 zu Dikrech
• Theorie’s Tester baséieren op dem Niveau 6ème vum enseignement secondaire classique: Lëtzebuergesch, Franséisch an Mathématiques
• Medezinesch Tester am Oktober/November 2025 am Hôpital Militaire zu Bréissel
• Infodag den 21. Mäerz 2026 op der « École Royale Militaire » zu Bréissel
• 2 Wochen Théorie Camp an der Ouschtervakanz (28. Mäerz – 12. Abrëll 2026)
• Summer Camp (26. Juli – 16. August 2026) zu Bertrix an der Belge
• Käschten: Participation forfaitaire vun 200 € / Joer
Deadline fir d'Umeldung : 31. August 2025!
Nach Froen? Da schreif eis eng Mail op info@armee.lu oder ruff un um 8002-4888!
Weider Informatiounen fënnt een och op dem Site vun de Belgian Air Cadets!