Inscription Summer Army Boot Camp
- Lieu :
- Centre militaire - Herrenberg, 9330 Diekirch, Luxembourg
- Dates :
-
Du 21.07.2025
jusqu'au 12.09.2025
Du wollts schon ëmmer wësse wat ee bei der Arméi alles maache kann?
Zesummen trainéieren, dobausse schlofen, sech camoufléieren, Kaarte liesen, en Drill maachen an sech taktesch um Terrain deplacéieren?
Mell dech hei un fir eng ganz besonnesch Aventure bei der Arméi! Wärend enger Woch kanns du bei eis zu Dikrech um Härebierg dobäi sinn an den Alldag vun engem Militär erliewen!
De Summer Army Boot Camp ass gratis an Iwwernuechtung & Verfleegung ass inklusive!
Ob Meedchen oder Jong, wann s du kierperlech fit bass, tëschent 15 an 20 Joer hues, Lëtzebuergesch schwätz a keng Angscht virun Erausfuerderungen hues, da #KommBeiEis!
Wéini?
Mir bidden zwee verschidden Datumer fir dës eenzegaarteg Erfarung un, an du kanns dech fir eng vun deenen 2 Woche mellen, entweder:
- vum 21. bis de 25. Juli 2025
oder
- vum 8. bis den 12. September 2025
D’Plazen si limitéiert, dofir maach dech séier bäi!
Lued hei ënnendrënner deng Donnéeën rop, an ziel eis wisou mir dech solle wielen. So eis och fir wéi eng vun deenen 2 Wochen s du dech mells!
Deadline fir d'Umeldung : 31. Mee 2025!
Nach Froen? Da schreif eis eng Mail op info@armee.lu