Inscription Spring Army Boot Camp
- Lieu :
- Centre militaire - Herrenberg, 9330 Diekirch, Luxembourg
- Dates :
-
Du 30.03.2026
jusqu'au 03.04.2026
Du wollts schon ëmmer wësse wat ee bei der Arméi alles maache kann?
Zesummen trainéieren, dobausse schlofen, sech camoufléieren, Kaarte liesen, en Drill maachen an sech taktesch um Terrain deplacéieren?
Mell dech hei un fir eng ganz besonnesch Aventure bei der Arméi! Wärend enger Woch kanns du bei eis zu Dikrech um Härebierg dobäi sinn an den Alldag vun engem Militär erliewen!
De Spring Army Boot Camp ass gratis an Iwwernuechtung & Verfleegung ass inklusive!
Ob Meedchen oder Jong, wann s du kierperlech fit bass, tëschent 16 an 20 Joer hues, Lëtzebuergesch schwätz a keng Angscht virun Erausfuerderungen hues, da #KommBeiEis!
Wéini?
Vum 30. März bis den 3. Abrëll 2026
D’Plazen si limitéiert, dofir maach dech séier bäi!
Lued hei ënnendrënner deng Donnéeën rop, an ziel eis wisou mir dech solle wielen.
Deadline fir d'Umeldung : 30. Januar 2026!
Ob s Du dobäi bass, gëss Du de 9. Februar per Mail gewuer.
Nach Froen? Da schreif eis eng Mail op info@armee.lu