Forum de presse L'allocution de l'aumônier
"Här Minister, Här Generol, léif Éieregäscht, léif Alleguerten,
Gutt Frënn sinn net einfach ze fannen, schwéier ze verloossen an onméiglech ze vergiessen!“ Mäertesdag verbënnt eis mat allen, déi an der Vergaangenheet mat Freed a Stolz an eise Reie gedéngt hunn an eis Kraaft geschenkt hunn, eis eege couragéis Schrëtt ze goen an d’Hoffnung ni opzeginn ! Onvergiesslech si vill frou Stonnen un hirer Säit, prägend bleiwen hiert Virbild an d‘Geschenk vun hirer Sympathie a Frëndschaft. Hir Devise war ëmmer: „Behandel d‘Menschen ëmmer esou, ewéi‘s Du selwer behandelt wëlls ginn !“. Dat fäerdegbréngen ass Zeeche vu mënschlecher Gréisst. Jiddwereen erwaart mat Recht vu senge Virgesetzte Respekt a Vertrauen, gerecht Behandlung a Fairness, Versteesdemech a Matgefill. Resultat dovu si motivéiert, zefridden an engagéiert Militär, dat gréisste Kapital vun der Arméi ! Well „een Zaldot kämpft, net well en haasst, wat virun him läit, mä well ë stolz ass op dat, wat hannert him steet !“ Dann ass d‘Arméi ee Corps, eng Famill !
Léif Alleguer, mir liewen an der gréisster Kris säit dem 2.Weltkrich. Jiddwer Krich ass ee Versoe vun der Mënschheet, eng Kapitulatioun virun der Muecht vum Béisen. Dat Béist triumphéiert, wann déi gutt Mënschen nokucken a näischt maachen ! Net besser ass et beim Klimawandel: mir versoen!
Den Hellege Mäerten huet zu senger Zäit den Doudeescht vun der Stonn agesinn, net ewechgekuckt a mat Häerz gehandelt: säi Mantel gedeelt. Eise Schutzpatréiner weist eis: mënschlech Gréisst hunn ech dann, wann ech dräi Sprooche matenaner beherrschen : d’Sproch vum Verstand, d’Sproch vum Häerz an d’Sprooch vun den Hänn ! Mënschlech Gréisst hunn mer also, wann mir am Hibléck op de Misär an der Ukrain, déi klimabedéngten Hongersnout op der Welt oder och d’Aarmut heiheem, déi oft verstoppt gëtt, eis Gedanken doriwwer maachen, wéi mir aneschters liewe kennen, mat manner Uspréch, matenaner nei léieren op Iwwerflësseges ze verzichten an eise Mantel ze deelen, solidaresch sinn ! An och dat gutt Liewe vun den zukünftege Generatioune kann eis net egal sinn ! Oder mir maachen eis lächerlech virun der ganzer Welt, well mer definitiv de Sënn fir d’Wierklechkeet an d’Tragik matten an Europa an op der Welt verluer hunn.
Fir d’Kris ze iwwerwanne muss jiddwereen hëllefen ! Och d’Arméi muss hire Bäitrag leeschten. Op d’Arméi muss Verlooss sinn heiheem an dobaussen. Et gëllt elo mat vill Éiergäiz, Courage an Zesummenhalt optimistesch an Zukunft ze kucken an d’Erwaardungen, déi un eis geriicht gi mat Enthusiasmus ze erfëllen. De Mäerte géif soen: deelt Ären Drilleg, gitt d’Hallschent, net wéineger – awer gitt och net méi, iwwerschätzt Iech net a suergt dofir, datt d’Wuel an d‘Freed an der Arméi an hire Familljen erhale bleift !
Léif Frënn, ee Rezept kann eis an dëse méi schwéieren Zäiten hëllefen; et ass folgend: sech jiddwer Dag iwwert iergendeppes freeën an dankbar sinn. Mir hei zu Lëtzebuerg hunn all Grond dankbar ze sinn !... Dankbar Mënschen si méi fit, méi optimistesch a méi mat Häerz dobäi; si bleiwe mental gesond ! Wéi seet de Philosoph: „Net déi Glécklech sinn dankbar, mä déi Dankbar si glécklech !“ Och dat ass Mäertesdag: zesummen dankbar a frou sinn a sief et eleng op ee gudde Patt !
Här Minister, Här Generol, léif Alleguerten,
meng Ei’er als PADRE bleift et och an Zukunft, Iech an all Äre Missioune mat Häerz a Verstand z‘ennerstetzen an Är Suergen ze deelen, sief et Är perséinlech oder déi vun Ärer Famill an dann och Hand mat unzepaken, wann et drop ukënnt. D’Objektiv ass kloer : datt mir zesummen um Enn op eng frou an erfollegräich Zäit an der Arméi däerfen zréckkucken an eis soe kennen: trotz allem ass d’Arméi eng schéi Famill, do wëll ech sinn a bleiwen ! Iech all ee froue Mäertesdag !"
Chanoine Nicolas WENNER
LtCol Aumônier Général
Dernière modification le